© 2017 by Maison Relais Kannerstuff.

  D'Emmi - de Schoulmupp

Labrador-Mudder an d'Enseignante Christine Reiter

Zesumme mat hirer Labrador-Mudder ass d'Enseignante Christine Reiter e pedagogescht Begleedhond-Team

Zesumme mat hirer Labrador-Mudder Emmi ass d'Enseignante Christine Reiter e pedagogescht Begleethond-Team.

Zu Heischent an der Primärschoul hëlleft d'Emmi senger Meeschtesch an de Kanner an alle méigleche Fächer: Däitsch, Franséisch a souguer an der Mathe. Eemol an der Woch assistéiert de gedëllege Mupp an der Klass. Fir d'Kanner ass et de flottsten Dag an der Woch.

D'Emmi, de Schoulmupp ënnerstëtzt also beim Léieren a léiert d‘Kanner doriwwer eraus och, wéi e verantwortungsvollen Ëmgang mat engem Déier ass. Den Hond huet eng ganz positiv Wierkung op d'Schüler, et ass Rou an Entspanung an der Klass an et gëtt fläisseg matgeschafft, dovu konnt sech och d'Ekipp vum Magazin iwwerzeegen, déi d'Emmi a seng Klass de Cycle 4 besicht hunn.

source www.rtl.lu