© 2017 by Maison Relais Kannerstuff.

  Spezial-Plenière

Kanner an de Kulisse vum Krautmaart

Extra fir d'Kanner war en Dënschdeg um Weltkannerdag och eng Spezial-Plenière an der Chamber.

Am Kader vum Weltkannerdag haten d'Kanner den Deputéierten e Bréif geschriwwen, fir se ze begéinen a mat hinnen iwwert déi Saachen ze schwätzen, déi si interesséieren.

Nom Besuch beim Grand-Duc war also mëttes d'Chamber un der Rei. Schoulkanner vu Wolz, Miersch, Luerenzweiler, Heischent, Bieles, Bartreng an dem Houwald ware mat dobäi. Si hate sech scho laang am Viraus op dee Besuch virbereet, zesumme mam Kannerbüro vu Wolz an dem Zentrum fir politesch Bildung. D'Kanner sollten esou d'Méiglechkeet kréien, sech och un der Politik ze bedeelegen, sou d'Directrice vum Kannerbüro, d'Paulina Dabrowska.

Di sëllech Kannergruppen haten dofir hir Wonschpolitiker selwer gebastelt, flott dekoréiert an déi Iddien drop geschriwwen, déi se den Deputéierte wollte ginn. Deene Politiker aus Kartrong hu si dann och en Numm ginn, wéi zum Beispill d'Ermesinde, déi sech géif fir Propretéit asetzen an dofir, datt Kanner schonn éischter géifen Englesch léieren.

Vill Propose waren dobäi, och iwwer Natur- an Déiereschutz, sozial Gerechtegkeet a Fridden. Et goufe Workshoppen organiséiert, wou all Grupp mat zwee, dräi Deputéierte konnt schwätzen an hir Virschléi presentéieren. Dobäi hunn d'Kanner lues a lues hir Nervositéit verluer a krute richteg Freed drun, mat de Politiker ze schnëssen. Den een oder aneren hätt souguer nach gär dem Donald Trump perséinlech seng Meenung gesot. De Kanner hir Iddie goufen och eescht geholl an zesummen diskutéiert.

D'Deputéiert ware begeeschtert, an de Kanner huet et och richteg gutt gefall an der Chamber. Vläicht waren do e puer vun eisen zukünftege Politiker dobäi ...