top of page

Medien - " Kannerschëff "

Den Ivica FERENC huet schon zënter 2015 u sengem Filmprojet an der Kannerstuff geschafft. Dëse Film gouf am März 2017 déi éischte Kéier viirgestallt.

Ee Joër drop, den 30te Juni 2018 war den Asteroid Day op der ganzer Welt, woufir ee sëch mat engem Projet konnt umelden. Den Ivica a seng Equipe hu sëch mat hirem Projet Kannerschëff gemeldt, an dëst direkt mat groussem Erfollëg.

Prompt huet den RTL ugeruff fir ze froën ob et méiglech wier fir e Reportage vun dësem genialen Projet zë maachen, well si an engerer Auswahl fir déi bescht Plaz hei zu Lëtzebuerg wieren.

Freides den 29te Juni 2018 ass den Ivica mat senger Equipe op de Kierchbierg an déi nei RTL-City gefuer fir un dem Interview vum Mister Science deelzëhuelen.

Leider war et nët fir déi éischt Plaz duer gaang, awer d'Kanner hunn eng super flott Erfahrung gemaach; si konnten bei eppes Eemoleges dobäi sinn!

Kannerscheff
ad-logo-main.png
bottom of page